Lucio Dalla | |
---|---|
Gebuer |
4. Mäerz 1943 Bologna |
Gestuerwen |
1. Mäerz 2012 Montreux |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Schauspiller, Liddermécher, Komponist, Filmkomponist |
De Lucio Dalla, gebuer de 4. Mäerz 1943 zu Bologna, a gestuerwen den 1. Mäerz 2012 zu Montreux, war en italieenesche Museker, dee seng eege Lidder gesongen huet (Cantautore).
Hien huet mat 14 Joer ugefaangen, Klarinett ze léieren an huet seng Karriär bei der Reno Dixieland Band zu Bologna ugefaangen. Zanter 1964 séngt hien och, am Ufank virun allem Soulmusek.
Ee vu senge bekanntste Lidder, Caruso (1986), en Hommage un den Operesänger Enrico Caruso, gouf vun enger Rëtsch anere Sänger gecovered, wouvun d'Versioune vum Luciano Pavarotti a vum Andrea Bocelli a Milliounenoplo verkaaft goufen.
En anert Stéck mat groussem Succès war Attenti al Lupo um Album Cambio (1990), vun deem der eleng an Italien 1.400.000 verkaaft goufen.
Den Dalla ass op enger Tournee, moies no engem Concert den Dag virdrun, un engem Häerzinfarkt gestuerwen.
Commons: Lucio Dalla – Biller, Videoen oder Audiodateien |