Emmanuel Servais | |
---|---|
Gebuertsnumm | Lambert Joseph Emmanuel Servais |
Gebuer |
11. Abrëll 1811 Miersch |
Gestuerwen |
17. Juni 1890 Bad Nauheim |
Nationalitéit | Lëtzebuerg, Belsch |
Educatioun | Stater Kolléisch |
Aktivitéit | Affekot, Diplomat, Politiker |
Partei | keng |
Famill | |
Geschwëster | Philippe Servais, Joseph Servais |
Kanner | Émile Servais |
De Lambert Joseph Emmanuel Servais, gebuer den 11. Abrëll 1811 zu Miersch, a gestuerwen de 17. Juni 1890 zu Bad Nauheim, war e lëtzebuergesche Politiker an Auteur.
Den Emmanuel Servais ass an enger wuelsituéierter Groussgrondbesëtzer- an Industriellefamill opgewuess. Säi Papp, den Antoine Servais (1778-1859), zäitweileg Buergermeeschter vu Miersch, war och an der nationaler Politik engagéiert. Den Emmanuel Servais hat sechs Geschwëster: de Philippe, de Bernard, d'Caroline, d'Pauline, de Joseph an den Henry.
1841 huet hie seng Cousine Anne Justine Elisa Boch (1819–1860) bestuet. Se haten dräi Kanner: de Charles (1842-1934), de kuerzzäitege "President vun der Republik Lëtzebuerg" Émile (1847-1928) an d'Marie (1853-1915). Nom Doud vu senger Fra huet seng Schwëster Caroline, déi mam Politiker Jean-Pierre André bestuet war, him de Stot gefouert.
Nom Secondaire am Stater Kolléisch, deen hien 1829 mat de Cours supérieurs ofgeschloss huet, goung hien op Gent, Paräis a Léck Droit studéieren. 1833 huet hie sech zu Arel als Affekot etabléiert.
Hien huet eng aktiv Roll bei der Belscher Revolutioun gespillt a gouf Member vum Provënzialrot. A senger Areler Zäit huet hien zesumme mam Victor Tesch e liberaalt Blat, L'écho du Luxembourg gegrënnt an erausginn,.
1839 ass den Emmanuel Servais zeréck op Miersch komm an huet sech um Stater Barreau ageschriwwen.
Tëscht 1841 an 1848 war e Member vun der Versammlung vun de Stänn, an 1848, als Vertrieder vum Kanton Miersch, an der Assemblée constituante.
Hie war och 1848-1849 Deputéierten an der Frankfurter Nationalversammlung
Vun 1853 bis 1857 war hien Administrateur général vun de Finanzen - haut géif ee Minister soen - an der Regierung Simons.
Vum 28. November 1857 bis den 3. Dezember 1867 war hie Member vum Staatsrot.
Den 3. Dezember 1867 gëtt hien zum Staatsminister a President vun der Regierung ernannt (bis de 26. Dezember 1874, wéi en iwwerraschend säi Récktrëtt bekannt gëtt).
Vum 27. Dezember 1874 bis den 8. November 1887 war hie President vum Staatsrot.
Vun 1887 bis 1890 war hie President vun der Chamber.
Vun 1875 bis 1890 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
Den Emmanuel Servais huet véier Lëtzebuerger Constitutioune mat ausgeschafft: déi vun 1841, 1848, 1856 an 1868, an huet mam Victor de Tornaco zesummen den Traité vu London vun 1867 mat ënnerschriwwen.
No där aussergewéinlecher politescher Carrière huet hie sech och als Auteur en Numm gemaach, z. B. iwwer déi réimesch Institutioune vun der Zäit virum Zweete Punesche Krich.
Seng Autobiographie ass 1990 vun der Fondation Servais nees nei publizéiert ginn.
Fir un hien z'erënneren ass 1925 um Lampertsbierg eng Strooss no him genannt ginn: de Boulevard Emmanuel Servais.
Virgänger: Charles Simonis |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1875 - 1890 |
Nofollger: Dominique "Alexis" Brasseur |
Commons: Emmanuel Servais – Biller, Videoen oder Audiodateien |