Cornelia Froboess
Pseudonym
Die kleine Cornelia, Conny Gebuer
28. Oktober 1943 Wriezen Nationalitéit
Däitschland Aktivitéit
Sänger , Theaterschauspiller, Filmschauspiller Member vun
Akademie der Künste Berlin, Bayerische Akademie der Schönen Künste Famill Bestuet mat
Hellmuth Matiasek
D'Cornelia Froboess beim Grand Prix Eurovision 1962
D'Cornelia Froboess op der Berlinale 2010
D'Cornelia Froboess , gebuer den 28. Oktober 1943 zu Wriezen , ass eng däitsch Schlagersängerin a Schauspillerin .
Am Mee 1951 stoung si fir d'éischt op der Bün als Die kleine Cornelia mam Schlager Pack die Badehose ein . Aus dem Kannerstar ass dann an den 1960 Joren d'Conny en Teenager-Idol ginn. Mat dem Schlager Zwei kleine Italiener hat se net nëmmen an Däitschland e groussen Erfolleg.
1962 huet si Däitschland mam Lidd "Zwei kleine Italiener" beim Eurovision Song Contest an der Stad Lëtzebuerg vertrueden. Si koum op déi 6. Plaz mat 9 Punkten.
Vun 1959 bis 1967 war si a ville sougenannte Schlagerfilmer mat Schauspiller a Sänger wéi Peter Alexander , Peter Kraus , Heinz Erhardt , Rudolf Prack , Waltraut Haas a Peter Weck ze gesinn. Eng Ausnam war am Joer 1962 de franséisch-däitsche Film Le caporal épinglé , vum Jean Renoir mam Jean-Pierre Cassel a Claude Brasseur .
Vun 1972 bis 2001 war si feste Member vun de Münchner Kammerspiele . Nieft dem Theater trëtt si awer nach a villen TV-Filmer op. Si spillt och nach geleeëntlech an intressante Filmer mat wéi Rheinsberg (1967) vum Kurt Hoffmann , Die Sehnsucht der Veronika Voss (1982) vum Rainer Werner Fassbinder an Knockin' on Heaven's Door (1997) vum Thomas Jahn mat dem Thierry van Werveke an enger Haaptroll.
Si ass zanter 1967 mam Theaterregisseur an Intendant Hellmuth Matiasek bestuet.
Filmographie
Kino
1952: Drei Tage Angst , vum Erich Waschneck mam Rudolf Platte a Camilla Spira
1952: Ideale Frau gesucht , vum Franz Antel mam Inge Egger a Waltraut Haas
1954: An jedem Finger zehn , vum Erik Ode mam Germaine Damar a Bibi Johns
1954: Große Starparade , vum Paul Martin mam Adrian Hoven a Renate Holm
1955: Laß die Sonne wieder scheinen , vum Hubert Marischka mam Hans Holt a Hertha Feiler
1958: Der lachende Vagabund , vum Thomas Engel mam Fred Bertelmann a Susanne Cramer
1958: Wenn die Conny mit dem Peter , vum Fritz Umgelter mam Peter Kraus an Ernst Stankovski
1959: Hula-Hopp, Conny , vum Heinz Paul mam Rex Gildo a Susi Nicoletti
1959: Wenn das mein großer Bruder wüßte , vum Erik Ode mam Fred Bertelmann a Margit Saad
1959: Ja, so ein Mädchen mit 16 , vum Hans Grimm mam Rex Gildo a Friedrich Domin
1960: Meine Nichte tut das nicht , vum Franz Josef Gottlieb mam Fred Bertelmann a Peter Weck
1960: Conny und Peter machen Musik , vum Werner Jacobs mam Peter Kraus a Gustav Knuth
1960: Schlagerraketen , vum Erik Ode mam Helga Sommerfeld an Hans von Borsody
1960: Mein Mann, das Wirtschaftswunder , vum Ulrich Erfurth mam Marika Rökk a Fritz Tillmann
1961: Junge Leute brauchen Liebe , vum Géza von Cziffra mam Johannes Heesters a Waltraut Haas
1961: Mariandl , vum Werner Jacobs mam Rudolf Prack , Waltraut Haas an Hans Moser
1961: Der Traum von Lieschen Müller , vum Helmut Käutner mam Sonja Ziemann a Martin Held
1962: Le caporal épinglé , vum Jean Renoir mam Jean-Pierre Cassel a Claude Brasseur
1962: Der Vogelhändler , vum Géza von Cziffra mam Peter Weck a Maria Sebaldt
1962: Mariandls Heimkehr , vum Werner Jacobs mam Rudolf Prack,Waltraut Haas a Peter Weck
1963: Der Musterknabe , vum Werner Jacobs mam Peter Alexander a Gunther Philipp
1963: Ist Geraldine ein Engel? , vum Steve Previn mam Peter Weck a Sabine Bethmann
1964: Hilfe, meine Braut klaut , vum Werner Jacobs mam Peter Alexander a Gunther Philipp
1967: Rheinsberg , vum Kurt Hoffmann mam Christian Wolff a Werner Hinz
1973: Crazy - total verrückt , vum Franz Josef Gottlieb mam Rudi Carrell an Heinz Reincke
1982: Die Sehnsucht der Veronika Voss , vum Rainer Werner Fassbinder mam Rosel Zech an Hilmar Thate
1986: Der Sommer des Samurai , vum Hans-Christoph Blumenberg mam Hans Peter Hallwachs an Nadja Tiller
1988: Faust - Vom Himmel durch die Welt zur Hölle , vum Dieter Dorn mam Helmut Griem a Katja Riemann
1997: Knockin' on Heaven's Door , vum Thomas Jahn mam Til Schweiger , Jan Josef Liefers an Thierry van Werveke
2003: Die wilden Kerle , vum Joachim Masannek mam Uwe Ochsenknecht
2004: Villa Henriette , vum Peter Payer mam Nina Petri
2013: Ostwind , vum Katja von Garnier mam Detlev Buck an Tilo Prückner
TV (Auswiel)
1952: Eine nette Bescherung , vum Charlotte Mentzel
1963: Sophienlund , vum Helmut Weiss
1965: Wahn oder Der Teufel in Boston , vum Gerhard Klingenberg
1965: Ein Wintermärchen , vum Gerhard Klingenberg
1966: Wo wir fröhlich gewesen sind , vum Gerhard Klingenberg
1966: Bei Pfeiffers ist Ball , vum Thomas Engel
1967: Die Schule der Frauen , vum Otto Tausig
1967: Im Ballhaus ist Musike - Ein Altberliner Tanzvergnügen , vum Thomas Engel
1968: Mathilde Möring , vum Claus Peter Witt
1968: Im Ballhaus wird geschwoft , vum Thomas Engel
1968: Die Wilde , vum Gerhard Klingenberg
1969: Der Bürger als Edelmann , vum Hellmuth Matiasek
1971: Der Wald , vum Wolfgang Glück
1971: Der Kommissar (TV-Serie, 1. Episod)
1972: Weh dem, der lügt , vum Ernst Hausman
1973: Liebe mit 50 , vum Günter Gräwert
1974: Auguste Bolte , vum Gerd Winkler
1975: Glückliche Reise , vum Eugen York
1975: Polly oder Die Bataille am Bluewater Creek , vum Jürgen Flimm
1977-1993: Derrick (TV-Serie, 6 Episoden)
1977: Via Bangkok , vum Theodor Grädler
1978: Ute und Manuela , vum Helmut Ashley
1982: Eine Falle für Derrick , vum Theodor Grädler
1988: Das Ende einer Illusion , vum Günter Gräwert
1990: Des Menschen Feind , vum Günter Gräwert
1993: Nach acht langen Jahren , vum Helmut Ashley
1979: Noch 'ne Oper , vum Claus Peter Witt
1979: Balthasar im Stau , vum Rudolf Jugert
1980: Der Regenmacher , vum Ludwig Cremer
1980-2010: Der Alte (TV-Serie, 3 Episoden)
1981: Das Käthchen von Heilbronn oder: Die Feuerprobe , vum Peter Beauvais
1983: Ein Fall für Zwei (TV-Serie, 1 Episod)
1994: Praxis Bülowbogen (TV-Serie, 11 Episoden)
1994: 1945 , vum Peter Patzak
1995: Fesseln , vum Xaver Schwarzenberger
1996: Angst hat eine kalte Hand , vum Matti Geschonneck
1996: Der Sohn des Babymachers , vum Susanne Zanke
1997: Koerbers Akte: Kleines Mädchen - großes Geld , vum Bernd Böhlich
1997: Koerbers Akte: Tödliches Ultimatum , vum Bernd Böhlich
2000: Hirnschal gegen Hitler , vum Hans-Christoph Blumenberg
2000: Tatort : Mord am Fluss , vum Klaus Gietinger
2004: Die eine und die andere , vum Dieter Dorn
2004: Stärker als der Tod , vum Nikolaus Leytner
2010: Die Schwester , vum Margarethe von Trotta
2011: Eine halbe Ewigkeit , vum Matthias Tiefenbacher
Um Spaweck