Natura 2000 ass en Netz vun Naturschutzgebidder an der Europäescher Unioun fir d'Erhale vu bedreete, wëllen, heemesche Planzen- an Déierenaarten an hire Liewensraim.
D'Natura 2000-Gebidder ginn op der Basis vun zwou Direktive vun der Europäescher Unioun ausgewisen:
D'Natura 2000-Schutzgebidder gi vun de Memberlänner aus der Europäescher Unioun mat Hëllef vun de Krittäre vun der Directive Habitats vun 1992 erausgesicht a bei der Europäescher Kommissioun nomméiert.
Op Basis vun dëse Nominatioune stellt d'Kommissioun eng Lëscht vu sougenannte Sites d'intérêt communautaire op. Déi betreffend Gebidder ginn da vun deenen eenzele Länner ënner nationalem Recht geschützt.
D'Vulleschutzgebidder, déi ënner der Directive Oiseaux vun 1979 ausgewise waren, goufen an d'Natura-2000-Netz integréiert.
Enn 2009 waren an der EU 23.810 Zonen als Natura-2000-Gebidder ausgewisen, mat enger Gesamtfläch vu 716.992 km², dovun
Jiddwer Natura-2000-Gebitt kritt eng europäesch Identifikatiounsnummer, z. B. LU0001022 fir de Gréngewald zu Lëtzebuerg.
Dee lëtzebuergeschen Deel vum Natura-2000-Netz besteet aus 48 Habitat- an 12 Vulleschutzgebidder (13.900 ha), mat zesumme 46.200 ha, wat ronn 18 % vun der Gesamtfläch vum Land ausmécht. (Stand 2010) Dee gréissten Deel vun den Natura-2000-Gebidder besteet aus Bësch.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den Natura-2000-Gebidder zu Lëtzebuerg.
Commons: Natura 2000 – Biller, Videoen oder Audiodateien |