Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Maurice Barrès | |
---|---|
Gebuer |
19. August 1862 Charmes |
Gestuerwen |
4. Dezember 1923 Neuilly-sur-Seine |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Politiker, Romancier, Journalist |
Member vun | Académie française, Ligue de la patrie française |
Famill | |
Kanner | Philippe Barrès |
De Maurice Barrès, gebuer den 19. August 1862 zu Charmes an de Vogesen, a gestuerwen de 4. Dezember 1923 zu Neuilly, war e franséische Schrëftsteller a Politiker, an eng vun den Haaptfigure vum franséischen Nationalismus zu enger Zäit, an där vill Fransouse vun enger Revanche gedreemt hunn, fir Elsass-Loutrengen zeréckzehuelen.
De Barrès war den aflossräichste Schrëftsteller vu senger Zäit a gouf als "Prince de la jeunesse" gefeiert. Hien huet sech an d'Politik engagéiert a gouf mat 27 Joer als Deputéierte vun Nanzeg gewielt. Hien huet awer heiansdo op dat falscht Päerd gesat. Sou war hien den eenzegen Intellektuellen, deen 1889 dem populistesche Generol Boulanger seng politesch Aventure ënnerstëtzt huet. Am Kontext vun der Affär Dreyfus huet hien zu den "Antidreyfusards" gehéiert, an 1914-1918 huet hien d'Jugend opgefuerdert, sech fir d'Heemecht ze afferen. Domat ass hien als Excitateur patriotique an als Rossignol du massacre bezeechent ginn. Wann hie bis 1914-18 als Antisemit gegollt hat, sou war dat, nom Patriotismus, deen déi franséisch Judde wärend dem Éischte Weltkrich un den Dag geluecht haten, net méi de Fall. Trotzdeem hu seng verschidde Positioune mat sech bruecht, datt en no an no vernoléissegt gouf an haut als Denker, trotz senge grousse literaresche Meritten, zimmlech kritesch, heiansdo souguer ongerecht (vgl. Zeev Sternhell), betruecht gëtt.
Hien huet ë. a. de Charles Maurras (1868-1952) an de Jacques Bainville (1879-1936) méi oder manner beaflosst, an och - ënner villen aneren - de jonke Charles de Gaulle.
Fir un de Maurice Barrès z'erënneren krut eng Strooss zu Gaasperech säin Numm (rue Maurice Barrès).
"Il ] était caporal en politique alors que dans le domaine de la littérature il était un général." - André Malraux
Commons: Maurice Barrès – Biller, Videoen oder Audiodateien |